Daguerre (Moundkrater)
Moundkrater / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Daguerre ass en Aschlagkrater no beim nërdleche Rand vum Mare Nectaris. A westlech-nordwestlecher Richtung leien déi béid bekanntst Kratere Mädler an Theophilus. De Krater Isidoris läit an der Regioun tëscht de Maria.
Séier Fakten Koordinaten, Duerchmiesser ...
Den Daguerre (Foto: LRO) | |
Koordinaten | 11°54'36"S, 33°36'36"O |
---|---|
Duerchmiesser | 45,79 km |
Déift | 120 m |
Selenographesch Längt | 327° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Louis Daguerre |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ20 |
Zoumaachen
De Kraterzentrum gouf duerch e Lavafloss aus enger Spléck um südwestleche Rand verschott. Doduerch erschéngt den Daguerre méi houffërmeg, wéi ronn. De Buedem ass vun engem Stral vum Mädlerkrater bedeckt. Déi héchst Deeler vum iwwrege Kraterrand sinn 1,5 Kilometer héich.