Däitsche Bond
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Däitsche Bond (Deutscher Bund) war eng Konfederatioun, an där sech den 8. Juni 1815 um Wiener Kongress déi "souverän Fürsten a fräi Stied vun Däitschland", souwéi och de Keeser vun Éisträich an de Kinnek vu Preisen, dee vun Dänemark an dee vun den Nidderlanden eens goufen, fir hir "Territoiren, déi fréier zum Hellege Réimesche Räich gehéiert hunn, zesummenzeschléissen. Deemno hunn nëmmen Deeler vu Preisen a vun Éisträich-Ungarn derzougehéiert; an dat erkläert och firwat Territoiren, déi mat der dänescher Kroun (Holstein, Lauenburg) oder där hollännescher (Groussherzogtum Lëtzebuerg) verbonne waren, och Memberstaate waren (d'Groussherzogtum Lëtzebuerg war dem Wëllem I. vun Holland 1815 souzesoen als Privatbesëtz zougesprach ginn a war rechtlech gesinn en eegene Staat).
D'Charta, mat där den Däitsche Bond gegrënnt gouf, déi sougenannt Deutsche Bundesakte, war Deel vum Traité vum Wiener Kongress. Hir Bedeitung goung iwwer Däitschland eraus, a si huet no der Néierlag vum Napoleon déi al monarchesch Herrschaftsverhältnesser nees, souwäit wéi nëmme méiglech, restauréiert.
Den Däitsche Bond huet bis 1866, bis zum Preisesch-Éisträichesche Krich, bestanen. En ass haaptsächlech wéinst dem dualistesche Muechtkampf tëscht Preisen an Éisträich ausernee gebrach, souwéi allgemeng wéinst der Oneenegkeet doriwwer, sech eng gemeinsam Verfassung ze ginn. Och emanzipatoresch Tendenzen, wéi se an de Revolutiounsjoeren 1848/49 zum Ausdrock koumen, hunn dozou bäigedroen.
Nodeems Éisträich aus den däitschen Affäre ausgestouss gi war, huet Preisen den Norddäitsche Bond gegrënnt, ee weidere Schrëtt a Richtung däitsch Eenheet ënner preiseschem Leadership. D'Groussherzogtum Lëtzebuerg huet net zum Norddäitsche Bond gehéiert.