Conseil vun der Europäescher Unioun
Decisiounsinstanz vun der Europäescher Unioun / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Conseil ass déi wichtegst Decisiounsinstanz vun der Europäescher Unioun. Hien ass et, deen (an de meeschte Fäll) zesumme mam Europäesche Parlament d'Reglementer an Direktiven unhëlt, déi dann an alle Memberstaate gëllen, respektiv mussen an nationaalt Recht transposéiert ginn.
De Conseil representéiert d'Memberstaate vun der EU doduerch, datt hei d'Ministeren aus de nationale Regierunge vun de Memberslänner beienee kommen. Et sinn ëmmer déi Ministeren, déi fir deen Dossier responsabel sinn, iwwer deen et ze decidéiere gëtt: geet et zum Beispill ëm eng Direktiv aus dem Ëmweltberäich, sinn et déi 27 Ëmweltministeren, déi am "Ëmweltconseil" doriwwer ofstëmmen.
Et gëtt am Ganzen néng Zesummesetzungen, an deenen de Conseil zesumme ka kommen:
- Allgemeng Affären an Aussebezéiungen;
- Wirtschafts- a Finanzaffären ("ECOFIN");
- Justiz a Bannenzeg Affären;
- Beschäftegung, Sozialpolitik, Gesondheet a Konsumenteschutz;
- Kompetitivitéit (Bannemaart, Industrie A Recherche);
- Transport, Telekommunikatiounen an Energie;
- Landwirtschaft a Fëscherei;
- Ëmwelt;
- Bildung, Jugend a Kultur.
All Minister schwätzt am Numm vu senger Regierung, an ass viru sengem nationale Parlament dofir verantwortlech, wat en am Conseil mécht. Et kënnt nawell vir, datt Ministeren doheem vun Direktive schwätzen, déi "Bréissel" decidéiert huet, an dobäi gär "vergiessen", datt si selwer dës Decisioun matgedroen hunn.