Commune vu Paräis (Franséisch Revolutioun)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Commune vu Paräis (1789-1795) war den Numm deen de revolutionäre Gouvernement vu Paräis sech nom Stuerm op d'Bastille (14. Juli 1789) ginn huet. Den éischte Buergermeeschter war de Jean-Sylvain Bailly an d'Reunioune waren am Hôtel de Ville.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem revolutionäre Gouvernement vu Paräis wärend der Franséischer Revolutioun. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Commune vu Paräis (Homonymie) |
Nom 10. August 1792 gouf d'Commune opstänneg an zum Porte-parole vun de revolutionären Evenementer vun der Paräisser Beweegung. Si huet sech an den dramateschste Mouvementer vun der Revolutioun illustréiert. Mam Gesetz vum 21. Mee 1790 gouf aus dem revolutionäre Gouvernement e reegelméissegen Organissem. De Comité général vun der Commune vu Paräis huet sech aus Memberen zesummegesat, déi vun de Bierger vun den 48 Sektioune vun der Stad Paräis gewielt goufen. De Jean-Sylvain Bailly gouf duerch de Jérôme Pétion un der Spëtzt ersat (13. November 1791). Duerno koumen als Buergermeeschter de Joseph Chambon, de Jérôme Pache an de Jean-Baptiste Fleuriot-Lescot un d'Muecht, de Fleuriot-Lescot huet säin Amt bis zum 9. Thermidor Joer II behalen.