Colectiv
Film vum Alexander Nanau 2019 / From Wikipedia, the free encyclopedia
Colectiv (en. Titel: Collective) ass e rumänesch-lëtzebuergeschen Documentaire vum rumänesche Regisseur Alexander Nanau. En hat de 4. September 2019 seng Première um 76. Filmfestival vu Venedeg. A Rumänie koum en den 28. Februar 2020 eraus, an zu Lëtzebuerg gouf en eng éischt Kéier am Mäerz 2020 um Luxembourg City Film Festival gewisen, wou en de Präis vum beschten Documentaire krut. E koum am Oktober 2020 an de Kino, a krut dunn och de Publikumspräis um CinEast Festival.
Séier Fakten Film, Produktiounsland ...
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Rumänien, Lëtzebuerg |
Première | 2019 |
Dauer | 109 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Rumänesch |
Ekipp | |
Regie | Alexander Nanau |
Dréibuch | Alexander Nanau |
Fotografie | Alexander Nanau |
Schnëtt | Alexander Nanau |
Produzent |
Alexander Nanau, Bernard Michaux |
Produktiouns- gesellschaft |
Samsa Film, HBO Europe, Alexander Nanau Production |
Schauspiller | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Zoumaachen
Och op anere Festivaller gouf e mat Präisser ausgezeechent, wéi z. B. dem Europäesche Filmpräis 2020.