![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e9/Col_du_Telegraphe_02.jpg/640px-Col_du_Telegraphe_02.jpg&w=640&q=50)
Col du Télégraphe
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Col du Télégraphe ass e 1.566 m héije franséischen Alpecol am Massif des Cerces. En huet säin Numm well fréier just niewendrun e Chappe-Telegraph stoung, deen och der Festung net wäit dovun, dem Fort du Télégraphe den Numm ginn huet.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e9/Col_du_Telegraphe_02.jpg/640px-Col_du_Telegraphe_02.jpg)
E vebënnt Saint-Michel-de-Maurienne am Dall vun der Maurienne, am Norde, mat Valloire, am Dall vun der Valloirette, am Süden, an et ass eng Virramp fir op de Col du Galibier iwwer d'Nordsäit. Iwwer de Col féiert d'Departementsstrooss D902.
Vum Dall vun der Maurienne aus ass d'Streck bis op d'Kopp 11,8 km laang, mat enger Pente vu 7,3 % an der Moyenne, an 8,9 % um Maximum. Vu Valloire aus sinn et 4,8 km mat enger Moyenne vun 3,4 % an engem Maximum vu 5,5 %.
Geogaphesch Koordinaten: 45° 12’ 09’’ N 06° 26’ 43’’ O