E Circuit auto-pédestre ass e Wanderwee zu Lëtzebuerg dee vun der Generaldirektioun fir Tourissem am Wirtschaftsministère ënnerhale gëtt. Et gëtt 201 där Wanderpied am Land. D'Iddi ass, datt ee mam Auto op eng Plaz fiert, wou den Depart ass, an och do erëm, no engem Tour tëscht 4 a 16 km, ukënnt.

Thumb
Depart vum Auto-pedester vu Kautebaach

Geschicht

1966 gouf d'Netz vun Autopedesteren agefouert, et gouf dunn 20 Tier. Zwee Joer drop waren et der duebel sou vill. Mëtt vun den 1970er Jore gouf et 86 Auto-Pédestres, an nach eng zéng Joer méi spéit der 170. An den 1990er Jore gouf déi aktuell Zuel vun eppes iwwer 200 Tier erreecht.[1]

Markéierung

Thumb
Symbol vun de
Circuits auto-pédestre
  • Véiereckeg blo Panneaue mat wäisser Schrëft markéieren den Depart vun all Auto-pedester-Circuit.
  • D'Schëltercher mat bloem Dräieck op wäissem Fong stinn a reegelméissegen Ofstänn laanscht d'Auto-pedester-Tier. Si weisen d'Nummer vum Wee un (schwaarz Ziffer 1 oder 2 op bloem Dräieck) an och d'Richtung, an déi de Wee virugeet (ob no lénks oder riets). Amplaz vum Schëldchen, kann d'Symbol och op z. B. e Bam opgemoolt sinn.
Thumb
D'Symbol op engem Bam.

Vun 2022 bis Mëtt 2023 goufen d'Weemarkéierunen no an no geännert: Amplaz vum dräieckege Feil kënnt eng blo Raut. Dës nei Schëltercher ginn esou ubruecht, dass een, anescht wéi virdrun, de Circuit a béid Richtunge goe kann. Bei den Departs-Schëlter kënnt e QR-Code bäi, sou datt een de Wee och Online nokucke kann.[1].

Literatur

  • Circuits Auto-pédestres - 201 Randonnées sélectionnées au Grand-Duché. Luxembourg, Éditions Guy Binsfeld. ISBN 978-2-87954-185-3.

Um Spaweck

Commons: Auto-pedester-Schëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien
Thumb
Neit Raute Symbol.

Referenzen

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.