Chronologie vun de Venusmissiounen
Wikimedia-Lëschtenartikel / From Wikipedia, the free encyclopedia
Op dëser Lëscht si chronologesch all Raumsonden notéiert, déi mam Zil gestart goufe fir de Planéit Venus z'erreechen. Dobäi ginn och d'Raumsonde genannt, déi hiert Zil wéinst Feelfunktiounen oder aus anere Grënn net erreecht hunn; Sonde mat renge Feelstarte stinn a Klameren. Verschidde vun der Sowjetunioun gestart a feelgeschloe Venusmissioune goufen (am Fall vum Erreeche vun der Äerdëmlafbunn) als Satellit bezeechent a krute Sputnik- oder Kosmos-Decknimm. D'Sonden, déi net mol d'Äerdëmlafbunn erreecht haten, kruten iwwerhaapt keng offiziell Bezeechnung. Si kréien dofir vun internationalen Experte Bezeechnunge wéi z. B. Zond 1964A.