Christophe (Sänger)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Christophe, fir richteg Daniel Bevilacqua, gebuer den 13. Oktober 1945 zu Juvisy-sur-Orge a gestuerwen de 16. Abrëll 2020 zu Brest, war e franséische Lidderschreiwer a -komponist a Sänger.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Christophe | |
---|---|
Gebuer |
13. Oktober 1945 Juvisy-sur-Orge |
Gestuerwen |
16. Abrëll 2020 Brest |
Doudesursaach | Longenemphysem |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Sänger, Komponist |
Famill | |
Bestuet mat | Véronique Kan |
Zoumaachen
Säi gréisste Succès ass eent vu sengen éischte Lidder, Aline, dat 1965 erauskoum. 1973 an 1974 koume seng Albume Les Paradis perdus a Les Mots bleus eraus, déi gutt Kriticke krute, grad wéi de Pop-Rok-Album Le Beau Bizarre 1978. Säi leschte kommerzielle Succès, deen en hat, war 1983 mat Succès Fou. Nodeems e sech eng Zäit zeréckgezunn hat, huet hien tëscht 1996 an 2016 nach 5 Albume publizéiert, mat als leschtem Les Vestiges du chaos.