From Wikipedia, the free encyclopedia
De Christiaan Neethling Barnard, gebuer den 8. November 1922 zu Beaufort West a Südafrika, a gestuerwen den 2. September 2001 zu Paphos, op Zypern, war e südafrikaneschen Häerzchirurg a Pionéier am Domaine vun den Häerztransplantatiuonen.
Christiaan Barnard | |
---|---|
Gebuertsnumm | Christiaan Neethling Barnard |
Gebuer | 8. November 1922 |
Gestuerwen | 2. September 2001 |
Doudesursaach | Asthma |
Nationalitéit | Südafrika, Éisträich |
Educatioun |
Universitéit vu Kapstad, University of Minnesota |
Aktivitéit | Chirurg, Dokter, Schrëftsteller |
Den 3. Dezember 1967 huet eng südafrikanesch Ekipp ënner senger Leedung am Groote Schuur Hospital zu Kapstad als éischt op der Welt eng Häerztransplantatioun bei engem Mënsch duerchgefouert. De Patient, de Louis Washkansky, huet d'Operatioun 18 Deeg iwwerlieft.
Dëst huet hie weltwäit bekannt gemaach. Hie gouf e Mediestar, och an Amerika an Europa, an ass dacks op de Klaatsch- an Traatsch-Säite vun den Illustréierten opgedaucht. Hien huet weider bis 1983 als Chirurg geschafft, bis e wéinst Arthrite huet missen ophalen. Duerno huet en als Wëssenschaftler an engem Häerzzentrum zu Oklahoma, an den USA, geschafft.
No senger Pensioun ass de Barnaard an Éisträich wunne gaangen, wou d'Christiaan Barnard Foundation gegrënnt huet, déi benodeelegte Kanner op der ganzer Welt hëlleft, an och a seng Heemecht op Beafort West.
Commons: Christiaan Barnard – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.