![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fc/Charles_Goodyear.png/640px-Charles_Goodyear.png&w=640&q=50)
Charles Goodyear
US-amerikanesche Cheemiker an Erfinder / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Charles Nelson Goodyear, gebuer den 29. Dezember 1800 zu New Haven, am Connecticut, a gestuerwen den 1. Juli 1860 zu New York, war en US-amerikanesche Cheemiker, Erfinder an Amateurfuerscher.
Charles Goodyear | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
29. Dezember 1800 New Haven |
Gestuerwen |
1. Juli 1860 New York |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Erfinder, Chimist, Ingenieur, Geschäftspersoun |
![]() |
Hien huet de Procédé vun der Vulkanisatioun vum Kautschuk an d'Industrie agefouert a sou d'Basis fir déi haiteg Kautschukindustrie geschaf. Hien ass den Erfinder vum Gummi, deen entsteet, wann ee Kautschuk mat Schwiefel erhëtzt.
Och de Kondom aus Gummi (an deen ëmgangssproochlech och sou genannt gëtt) gouf 1855 vum Goodyear entwéckelt an dono industriell produzéiert.
Den Charles Goodyear hat wéineg Succès als Geschäftsmann. Trotz senge Patenter, déi besonnesch fir d'Autosindustrie herno wichteg sollte ginn, hat hie bis zu sengem Doud kee Su an der Täsch a war souguer e puermol zu Prisongsstrofe verurteelt ginn, well e seng Scholden net erëmbezuele konnt.