brittesche Filmschauspiller, Komponist a Regisseur (1889–1977) From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Charlie Chaplin, KBE, eigentlech Charles Spencer Chaplin, gebuer de 16. Abrëll 1889 zu London a gestuerwen de 25. Dezember 1977 zu Vevey um Genferséi, war en englesche Filmschauspiller, Komponist a Regisseur.
Charlie Chaplin | |
---|---|
Den Charlie Chaplin, 1965, fotograféiert vum Erling Mandelmann | |
Gebuertsnumm | Charles Spencer Chaplin |
Gebuer | 16. Abrëll 1889 |
Gestuerwen | 25. Dezember 1977 |
Doudesursaach | intrazerebral Bluddung |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Filmregisseur, Komponist, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Komiker, Filmediteur, Autobiograph, Theaterschauspiller, Filmkomponist, Schauspiller, Regisseur, Schrëftsteller |
Member vun | Akademie der Künste Berlin, Akademie der Künste der DDR |
Famill | |
Bestuet mat | Mildred Harris, Lita Grey, Paulette Goddard, Oona O'Neill |
Papp | Charles Chaplin |
Mamm | Hannah Chaplin |
Geschwëster | Wheeler Dryden, Sydney Chaplin |
Kanner | Charles Chaplin, Geraldine Chaplin, Michael Chaplin, Josephine Chaplin, Victoria Chaplin, Eugene Chaplin, Christopher Chaplin, Sydney Chaplin |
Den Charlie Chaplin ass aus ganz aarme Verhältnesser komm an huet sech d'éischt als Geleeënheetsaarbechter a mat klenge Bünerollen duerchgeschloen. Duerno gouf hie Clown a Schauspiller bei enger Wandergrupp. Op enger Amerikatournee huet hien en Engagement als Filmkomiker zu Hollywood ugeholl.
Hien huet schonn a sengem éischte Joer (1914) 35 Filmer gedréint.
The Tramp (1915) a The Immigrant (1917) waren dem Charlie Chaplin seng éischt Meeschterwierker.
1919 huet hien zesumme mat der Mary Pickford an dem Douglas Fairbank d'United Artists gegrënnt, fir déi den Chaplin no 1923 ausschliisslech gespillt huet.
Commons: Charlie Chaplin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.