From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Chambre de Commerce, och Handelskummer genannt, ass eng Lëtzebuerger Beruffschamber, déi d'Interête vum Handel, der Industrie, de Banken an all anere Betriber mat Ausnam vun deenen aus dem Handwierk an der Landwirtschaft vertrëtt. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Chambre de commerce (Handelskummer) | |
---|---|
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 01.10.1841 |
Sëtz |
7, Rue Alcide De Gasperi Lëtzebuerg |
President | Luc Frieden |
Generaldirekter |
Fernand Ernster (President CA) Carlo Thelen (Generaldirekter) |
Branche | Beruffschamber |
Homepage | www.cc.lu |
D'Chambre de commerce ass hirersäits Member am Daachverband Union des entreprises luxembourgeoises (UEL).
Den 1. Oktober 1841, nëmmen zwee Joer no der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg, huet de Kinnek a Grand-Duc Wëllem II. duerch en Arrêté d'Handelskummer geschaaft[1]. Se hat deemools 21 Memberen déi ë. a. follgend Beruffssparte vertrueden hunn: Schmëtten, Händschen-, Porzeläin- a Pabeierfabricken, Wiewereien, Millen, Tubaksindustrie, asw.
D'Schafe vun der Handelskummer gouf de 4. Abrëll 1924 nach duerch e Gesetz confirméiert[2], mat deem zu Lëtzebuerg e Beruffschamber-System op eligibeler Basis opgebaut gouf. Nieft der Handelskummer goufen ë. a. och nach Handwierkerkummer an d'Landwirtschaftskummer an d'Liewe geruff.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
De Generaldirekter ass zanter Januar 2014 den Ekonomist Carlo Thelen[4].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.