Kiewerleksaart aus der Famill Scarabaeidae From Wikipedia, the free encyclopedia
Cetonia aurata ass eng Kiewerleks-Aart aus der Famill vun de Scarabaeidae.
Cetonia aurata | |||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Aner Sproochen: | de: Goldglänzender Rosenkäfer fr: Cétoine dorée | ||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
Cetonia aurata (Linnaeus, 1758) |
D'Kierwerleke gi 14 bis 20 Millimeter grouss. Uewendrop si se variabel metallesch gréng bis bronzefaarweg, woubäi jee no Liicht den Toun och an d'Blomooft, respektiv an d'Gëlle goe kann. Déi ënnescht Säit ass routgëllen. Op den Deckflilleke si wäiss Flecken, eng wäiss Sträif a Queeschrillen ze gesinn. D'Männercher hunn, anescht wéi d'Weibercher, eng flaach längelzeg Fuer um Bauch.
Cetonia aurata kënnt an Europa, nërdlech bis an de Süde vunn Norwegen a bis an Zentralschweden a -finnland vir. No Osten hin ass en iwwer Klengasien, Viischt Asien a Sibirien bis an den Nordwesten vu China ze fannen. Op de Britteschen Insele kënnt e just lokal vir. E flitt vun Abrëll bis Oktober.
D'Imagines fënnt een heefeg op Bléien, zum Bresipill vu Rousen, Uebsttraich, Hielenter oer Wäissdar. D'Eeër gi gär a muuuschtescht Holz oder Kompostkéip geluecht. No e puer Woche kommen wäiss, kromm Larven eraus, déi 5 Zantimeter grouss kënne ginn. Si verpoppe sech an engem Kokon aus Buedem an Holzfaseren. Et dauert zwee Joer vun der Larv bis zum ausgewuessene Kierwerlek. Dës iwwerwanteren awer nach am Buedem, ier se dann dat Fréijoer drop erauskruebelen.
Commons: Cetonia aurata – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.