Centre national de littérature
Archiv a Bibliothéik iwwert d'Lëtzebuerger Literatur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lëtzebuerger Literaturarchiv[1] (deels och Nationale Literaturzentrum), offiziell Centre national de littérature (CNL), ass e staatlecht Kulturinstitut zu Lëtzebuerg, dat dem Kulturministère ënnersteet, an deem seng Missioun et ass, Literatur vu Lëtzebuerg ze konservéieren, z'erfuerschen an zougänglech ze maachen (ë. a. och duerch Ausstellungen, Konferenzen, Atelieren, asw.). En ass am Servais-Haus, dem Gebuertshaus vum Emmanuel Servais, zu Miersch installéiert.
Séier Fakten Lëtzebuerger Literaturarchiv, CNL ...
Centre national de littérature | |
---|---|
Lëtzebuerger Literaturarchiv | |
CNL | |
Land | Lëtzebuerg |
Secteur | Kultur |
Leedung | Nathalie Jacoby |
Ënnersteet der/dem | Ministère de la Culture |
Gegrënnt | 1995 |
Um Spaweck | http://www.cnl.public.lu/ |
Zoumaachen
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Servais-Haus (Miersch).