From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Stärebild Caelum läit um südleche Stärenhimmel an ass op eise Breetegraden net ze gesinn.
Date vum Stärebild Caelum | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Gruefstéchel |
Laténgeschen Numm | Caelum |
Laténgesche Geenitiv | Caeli |
Laténgesch Ofkierzung | Cae |
Positioun | um Himmelsequator |
Rektaszensioun | 4h 19m bis 5h 05m |
Deklinatioun | -27° 00´ bis -48° 45´ |
Fläch | 125 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 41° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa | net ze gesinn |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m | 0 |
Hellste Stär, Gréisst | α Caeli, 4,5m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Lepus (Hues) Eridanus |
De Caelum ass en onopfällegt Stärebild südlech vum Hues an ëstlech vum groussen Eridanus. Véier Stäre maachen eng gekrëmmt Linn. Nëmmen zwéi Stäre si méi hell wéi déi 5. Gréissteklass.
De franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille huet am 18. Joerhonnert e puer Regiounen um Südhimmel Nimm ginn, déi bis dohin nach keen Numm haten. Am Géigesaz zu de klassesche Stärebiller, déi no mythologesche Gestalte genannt sinn, huet de Lacaille senge Konstellatioune meeschtens Nimm vun techneschem Material ginn. Ufanks huet d'Stärebild Caela Sculptoris (Aarbechtsgeschier vum Sculpteur) geheescht, de Gruefstéchel stellt domat e Gravéiermaterial duer, dat fréier fir d'Hirstellung vu Koffer- oder Stolstéch gebraucht gouf.
B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 4,45m | 72 | F2 V | ||
γ | 4,55m | 186 | K2 III | ||
β | 5,05m | 91 | F8 V | ||
δ | 5,07m | 700 | B3 V | ||
ν | 6,06m | ||||
λ | 6,24m | ||||
ζ | 6,35m |
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
α | 4,45m/13m | 6,6” |
γ | 4,55m/8,5m | 2,9“ |
Den hellste Stär, α Caeli, ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 72 Liichtjoer. Op engem Ofstand vu 6,6 Bousekonne vum 4,45m hellen Haaptstär ass e liichtschwaache Begleeder mat der 13. Gràissteklass.
Den γ Caeli läit 186 Liichtjoer vun eis ewech, an ass och en Duebelstäresystem.
Commons: Caelum – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.