![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/57/CABU_AOUT_2012.jpg/640px-CABU_AOUT_2012.jpg&w=640&q=50)
Cabu
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Cabut, besser bekannt als Cabu, gebuer den 13. Januar 1938 zu Châlons-en-Champagne am Departement Marne a gestuerwen de 7. Januar 2015 zu Paräis, war e franséische Comiczeechner an -auteur a Karikaturist.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Cabu | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Jean Maurice Jules Cabut |
Gebuer |
13. Januar 1938 Châlons-en-Champagne |
Gestuerwen |
7. Januar 2015 11. Arrondissement |
Doudesursaach | Schosswonn |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Cartoonist, Karikaturist, Moler, Comicauteur, Schrëftsteller, Illustrateur |
Famill | |
Kanner | Mano Solo |
![]() |
Zoumaachen
Seng bekanntst Personnagë sinn de Grand Duduche an de Beauf. Hien huet fir eng Hellewull Zeitungen an Zäitschrëfte geschafft, dorënner d'satiresch Publikatiounen Hara-Kiri, Charlie Hebdo a Le Canard Enchaîné.
Ausserdeem huet hie Bicher a Plackecoveren illustréiert an a verschiddenen Televisiounsemissioune live zum Programm Illustratiounen a Cartoone gemoolt.
Hien ass de 7. Januar 2015 bei engem Attentat op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo, zesumme mat 11 anere Leit, ermuert ginn.