![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d1/Luxembourg%252C_brochures_pand%25C3%25A9mie_Covid-19.jpg/640px-Luxembourg%252C_brochures_pand%25C3%25A9mie_Covid-19.jpg&w=640&q=50)
COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg
Pandemie zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg trëtt zënter Enn Februar 2020 als en Deel vun der weltwäiter COVID-19-Pandemie op, déi am Dezember 2019 als Epidemie zu Wuhan, Provënz Hubei, Volleksrepublik China ugefaangen huet, an den 11. Mäerz 2020 offiziell vun der WHO als Pandemie erkläert gouf. D'Otemweeërkrankheet COVID-19 gëtt vum Virus SARS-CoV-2 aus der Grupp vun de Coronaviren (Coronaviridae) verursaacht. Déi lescht Pandemie war d'H1N1-Pandemie, déi sougenannt Schwéngspescht, an de Joren 2009/10.
![]() | |
Geographie | |
---|---|
Krankheet | COVID-19 |
Infektiounsagent | SARS-CoV-2 |
Originn | Wuhan |
Land |
![]() |
Ufank | 29. Februar 2020 |
Websäit | Regierungssäit iwwer de Coronavirus |
Statistiken | |
Konfirméiert Fäll | 318.604 |
Geheelt | 315.009 |
Stierffäll | 1.223 |
Letalitéitstaux | 0.38% |
Aktiv Fäll | 2.372 |
PCR-Tester | 4.577.858 |
Getest Persounen | 955.266 |
Impfungen | 1.293.208 |
voll geimpft Persounen | 474.981 |
Impftaux (ganz Populatioun:672.050) | 70.68% |
Datum | 15. Mäerz 2023 |
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/1f/COVID-19-Luxembourg-log.svg/320px-COVID-19-Luxembourg-log.svg.png)
D'COVID-19-Krankheet ass den 29. Februar 2020 fir d'éischt zu Lëtzebuerg nogewise ginn, wéi e 40 Joer ale Mann mam Fliger aus Norditalien iwwer de Fluchhafe Charleroi zeréck op Lëtzebuerg koum a positiv op SARS-CoV-2 getest gouf.
Am Ufank vun der Pandemie huet Lëtzebuerg zu deene Länner gehéiert, an deenen am Rapport zur Bevëlkerung am meeschten Tester gemaach goufen[1],[2]. Lëtzebuerg hat och mat der Zuel vun Infizéierten op 1 Millioun Awunner héichgerechent den héchsten Taux an der Europäescher Unioun, a louch am Ufank vun der Kris weltwäit ënner den top 5, hannert dem Vatikan, San Marino an Andorra[3]. Beim Letalitéitstaux (Undeel vun den Infizéierten, déi gestuerwe sinn) ass et genee ëmgedréint. Wat den Undeel op d'Gesamtbevëlkerung vun deene Leit betrëfft, déi un oder mam Virus gestuerwe sinn (Mortalitéitstaux)[4], sou läit Lëtzebuerg Enn 2020, mat 500 Fäll (eng 64 pro 100.000 Awunner) am Mëttelfeld vun den europäesche Länner[5].
Eng Studie vum LISER huet no 2 Joer Pandemie gewisen, datt Fraen a Männer ënnerschiddlech getraff goufen: Wärend Männer statistesch gesinn e méi héije Risiko vun engem schwéiere Verlaf haten, krute Fraen déi sozio-ekonomesch Konsequenze méi staark ze spieren. Homeoffice, Homework an Homeschooling hu besonnesch Frae belaascht. Doriwwer eraus stellen d'Frae de Gros am Gesondheets- a Fleegesecteur duer an iwwerhuelen och onbezuelt Fleeg- a Betreiungsaufgaben.[6][7]