Côte de Nuits
From Wikipedia, the free encyclopedia
Côtes de Nuits ass een delimitéiert Ubaugebitt vu Wäiner am nërdlechen Deel vun der Bourgogne. Hei gëtt nëmme Pinot Noir geziicht (bis op e puer ganz wéineg Ausnamen).
Dëse Wéngert fänkt un am Süden nieft Dijon an erstreckt sech 22 km no Norde bis op Corgoloin. All Duerf huet seng eegen Appellation controlée (AOC) fir d'Gemengen an de Premiers-Crus an an de Grands-Crus. Dee Klassementssystem ass awer zimmlech komplizéiert; dofir hei eng kleng Iwwersiicht:
- all Gemeng oder Duerf huet eng AOC. Et gëtt der déi iwwer de Beräich vun der Gemeng oder dem Duerf erausginn, anerer betreffen nëmmen een Deel vum Duerf. Sou kann z. B. e Wäin deen d'AOC Nuits-Saint-Georges huet och vun enger Nopeschgemeng si wéi Prémeaux.
- an enger Gemeng kënne verschidde Wéngerten d'Appellatioun AOC Bourgogne hunn, mä net d'Appellatioun vum Duerf oder aner Appellatiounen déi vun deem Duerf oder där Gemeng ofhänken.
- eng ganz grouss Parti hu Wéngerten déi Grand-Cru oder Premier-Cru klasséiert sinn. Sou kann een an enger Gemeng bis véier Appellatiounen erëmfannen, wou awer nëmmen de Premier-Cru an d'AOC den Numm vun der Gemeng hunn.