![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/90/Gaalgebierg1miniere3.jpg/640px-Gaalgebierg1miniere3.jpg&w=640&q=50)
Buggi
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Buggi ass e klengen Zuchwaggon, dee virun allem an de Minièren am Minett agesat gouf, fir déi eisenhalteg Minettssteng ze transportéieren. An de meeschte Fäll si se vun der Ofbauplaz bis op e Quai gefuer, wou d'Minett a gréisser Eisebunnswaggonen ëmgefëllt gouf. Am Ufank si se vu Schaffpäerd, spéider awer vun Damplokomotiven oder, an de Minièrë selwer, vun Elektrolokomotive gezu ginn.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/90/Gaalgebierg1miniere3.jpg/320px-Gaalgebierg1miniere3.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b8/Buggi_um_Kalleksuewen.jpg/640px-Buggi_um_Kalleksuewen.jpg)
Net seelen hu se misse Iwwer Dag e groussen Héichtenënnerscheed iwwerwannen. An deene Fäll si beluede Waggone mat sougenannte Bremsschäpp erofgelooss an eideler eropgezu ginn. Fir Accidenter beim Eropzéien z'evitéiere gouf dacks hannen un dee leschte Buggi en "Hond" ugehaangen.
Beim Entluede gouf den eisene Bac iwwer en Hiewelsystem ëmgekippt.
Zu Lëtzebuerg goufen der och produzéiert, ë. a. vun der Géisserei a Schlässerei Massard zu Keel, dem Atelier Friser zu Téiteng an dem Atelier Ernest Barblé zu Stroossen.
Buggie gesäit een haut nach a ville Minettsstied, wou se als Monumenter opgestallt goufen.