From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Buerg ass eng befestegt Struktur, fir gewéinlech gebaut a bewunnt vun den Adelegen am Mëttelalter an Europa, am Mëttleren Osten an an Asien.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gebai Buerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Buerg (Homonymie). |
D'Definitioun wat alles als ënner dem Begrëff Buerg duerchgeet huet mat der Zäit variéiert, an ass och haut diskutéiert, mä gemenkerhand zielt een dozou all privat befestegt Residenz vun engem Här oder engem Adelegen. Dat ënnerscheet d'Buerg vum Schlass, wat net befestegt war, vun enger Festung déi bal ni Adelsresidenz war, a vun enger Stadbefestegung déi eng ëffentlech Ofwier war.
D'Buergen hunn hiert Ëmland militäresch beherrscht, souwuel offensiv als Basis vun där aus Ugrëffer gestart konnte ginn, wéi och defensiv als Schutz géint Feinden. Se waren awer och administrativ Zentren, Muechtsymboler, politesch Mëttelpunkten (Sëtz vun der Herrschaft) a wirtschaftlech Kontrollapparater (am urbane Raum hu se déi lokal Populatioun an d'Handelsweeër kontrolléiert, am ländleche Raum dacks wichteg Liewenselementer wéi eng Millen, en Uewen, e Weier, e Waasserlaf oder fruchtbare Buedem.
D'Buerg ass eng europäesch Innovatioun aus dem 9. Joerhonnert nom Ausernanerfale vum gëeente fränkesche Räich, deem säi Gebitt dunn ënner Hären a Prënzen opgedeelt gouf.
Déi alleréischt Strukture waren aus Buedem an Holz, sou wéi d'Mott. Et kann een dora schonn eng éischt Form vum Buergfrid erkennen, dee spéider als lescht Réckzuchsplaz gedéngt huet.
Duerno goufen déi Strukture mat stenge Gebaier ersat. Déi éischt Buergen am haitege Gebitt vu Lëtzebuerg sinn Esch-Sauer (926), Pëtten (wuel 960 oder virdrun) an de Bockfiels (no 963).
Am spéiden 12. a fréien 13. Joerhonnert gouf d'Ofwier weider verbessert, et koumen ëmmer méi Tierm derbäi déi d'Flanke kontrolléiert hunn, et goufe Verdeedegungsniveauen opgebaut ee bannent deem anere sou datt se alleguerte gläichzäiteg aktiv konnte sinn an der Buerg eng maximal Feierkraaft ginn hunn. Et koumen awer och net-militäresch Elementer op, wéi e Palas mat representativem Rittersall, e méi komfortable Wunntrakt, eng Kapell, oder laang konzentresch Zoufaartsweeër fir ze beandrocken.
Obwuel d'Kanounepolfer an Europa schonn am 14. Joerhonnert agefouert gouf huet et de Buergbau eréischt am 15. Joerhonnert signifikant beaflosst, wéi d'Artillerie staark genuch gouf fir stenge Mauere kënnen ze duerchbriechen. Et sinn zwar nach weider Buerge bis an d'16. Joerhonnert era gebaut ginn, mä déi nei Technike fir dem Kanounebeschoss standzehalen hunn déi Plazen ze vill onkomfortabel gemaach fir nach dran ze liewen.
Sou goufen d'Buerge mat der Zäit opginn, un Net-Adeleger verkaaft, oder ëm- an iwwerbaut ginn. Si hunn engersäits Artilleriefestunge Plaz gemaach, ouni Roll an der ziviller Administratioun, an anerersäits de Landsëtzer a Schlässer ouni Defensivschutz.
Et kéint een higoen an tëscht zéng a méi Buergtyppen ënnerscheeden, no Topographie, Bauweis, Fonctioun etc., mä eng méi eng graff Andeelung ass déi heiten:
Um Gebitt vum haitege Lëtzebuerg ware bis 1550 op d'mannst 24 Spuerbuergen, 22 Waasserbuergen, 4 Spëtzbuergen (2 dovu just op engem kënschtlech opgeschottenen Hiwwel) an 2 Buerghaiser gebaut ginn. Et muss een "op d'mannst" soen, well bei 16 weidere Buergen ass bis ewell net gewosst vu wéi engem Typ se waren.
Commons: Buerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.