From Wikipedia, the free encyclopedia
Mat Boun si souwuel déi ronnelzeg, zum Deel längelzeg oder nirefërmeg Somkäre gemengt, wéi och d'Scheeke mat hirem Som dran (z. B. d'Gréng Bounen) an och d'Planz selwer, op där se wuessen, aus der Famill vun de Fabaceae.
Et gëtt eng ganz Rëtsch Gattungen an Aarte vu Planzen, déi all "Boune" genannt ginn, ma déi vun ënnerscheedleche Planzen hierkommen, Proprietéiten hunn a fir ënneschiddlech Zwecker ugebaut ginn.
A Mëtteleuropa sinn d'Scheeken (an de Som) vun de Grénge Bounen (Phaseolus vulgaris) déi geleefegst Aart.
Verschidde Bounenaarte musse gekacht ginn, ier ee se kann iessen, well eréischt dann d'Lektinner zerstéiert sinn, déi schiedlech fir d'Gesondheet sinn.
Bal all Planzen, déi "Boune" genannt ginn, gehéieren zu der Tribus vun de Phaseoleae bannent der Ënnerfamill vun de Faboideae.
Déi traditionell europäesch Boun ass
Si gehéiert net zu der uewe genannter Tribus Phaseoleae, ma zu de Fabeae, zu där och d'Ierbes, d'Käicher an d'Lëns gehéieren.
Eng vun de wichtegsten Notzplanzen ass
Vill Aarten aus der Gattung vun de Vigna-Boune sinn an Asien oder Afrika doheem. Speziell ginn et:
An den Tropen ass wäit verbreet:
Aus der
Vill bekannt Aarte kommen aus der Neier Welt.
An Europa an an Nordamerika gëtt am heefegsten d'gréng Boun gebraucht. Dozou zielen eng jett Zorten, deenen hir Somkäre verschidde Faarwen hunn, wéi déi wäiss Boun, déi rout Kidneyboun, d'Pintoboun, d'Wuechtelboun, an Zorten, déi mat der Scheek giess ginn, wéi d'Gréng Boun, d'Stäckelchersboun, asw. D'Gaardeboun (Vicia faba), virdrun déi heefegst europäesch Bounenaart, gëtt do dergéint manner giess.
Commons: Bounen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.