Bou (Waff)
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Bou (Méizuel: Béi) ass e Geschier fir Fäiler ze schéissen. Béi goufe schonn an der Alsteenzäit benotzt, fir op d'Juegd ze goen. Méi spéit - zanter der Jongsteenzäit - gi Fäil a Bou och als Waff bei Schluechten oder Kricher gebraucht. Hautdesdaags ass de Bou virun allem e Sportgezei, a Bouschéissen eng Kompetitiounssportaart.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bou als Geschier fir ze schéissen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bou. |
E Bou besteet ëmmer aus engem elasteschen, staf-änleche Géigestand, dem eigentleche Bou, deem seng Extremitéiten, d'"Äerm", duerch eng Schnouer (fréier waren dat Seenen) verbonne sinn. Duerch d'Unzéie vun der Schnouer ("spanen") béie sech déi zwou Extremitéiten a späichere sou, wéi eng Fieder, Energie. Wann een elo d'Schnouer oder Seen mat engem ageluechte Fäil lassléisst, flitt dee mat héijer Vitess fort.