Booster (Rakéitenundriff)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Booster gëtt an der Raumfaarttechnik a bei militäresche Rakéiten eng Hëllefsrakéit bezeechent, déi beim Start agesat an dann ofgeworf gëtt. Si kann an der Drorakéit un engem baussechten Tank (wéi beim Space Shuttle) festgemaach sinn. Booster maachen zousätzleche Schub beim Start.
Si se ausgebrannt, bei gängege Drorakéiten op enger Fluchhéicht vu 40–60 km., gi si ofgetrennt a landen um Buedem oder am Waasser. E puer gréisser Boostere wéi déi vum Space Shuttle, der Ariane 5 an der Energija-Rakéit lande mat Hëllef vu Fallschiermer mëll, fir nees gebraucht oder op Feeler inspizéiert ze ginn.
Och am Beräich vu Fliger an aneren atmosphäresche Fluchkierper fanne Booster fir kuerzzäiteg Schubvergréisserung Gebrauch. Fluchkierper mat Ramjet brauchen zum Beispill fir d'Erreeche vun der noutwendeger Mindestvitesse eng aner Undriffsquell. Och als Starthëllef bei Fliger komme kleng Rakéitebooster zum Asaz. Drohne wéi d'CL-289 ginn aus dem Stand mat engem Rakéitebooster gestart, awer och gréisser militäresch Fliger kënnen dacks optional mat Boosteren ausgerëscht ginn, fir d'Startstreck mat engem JATO-Start ze verkierzen.