Bonne vu Lëtzebuerg
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Bonne (oder Bona; däitsch: Guta oder Jutta) vu Lëtzebuerg, gebuer den 20. Mee 1315 a gestuerwen den 11. September 1349 zu Maubuisson, Frankräich, war déi zweeteelst Duechter vum béimesche Kinnek Jang de Blannen a senger éischter Fra, der Elisabeth. Si war déi eelst Sëschter vum Keeser Karel IV.
Ier se sech mam franséische Kinnek sengem Jong Jean bestuet huet, war si virdru schonn, aus strategesche Grënn, fiancéiert ginn: Mat 6 Joer mam Friedrich II. vu Meißen (1310–1349), duerno, wéi näischt draus ginn ass, mam Henri IV. vu Bar, dat awer och net zu enger Hochzäit gefouert huet.
Dofir haten d'Verhandlunge mam Kinnek Philippe VI. vu Frankräich 1328 Succès: Dem Jang säi Jong Karel gouf mam Philippe senger Duechter Blanche vu Valois verloobt a seng Duechter Bonne mam Philippe sengem Jong Jean vu Valois, dem spéidere Kinnek Jean II. (Jean le Bon, 1319–1364).
Den 2. Januar 1332 ass de Jang vu Lëtzebuerg mat senger Duechter Guta/Bonne zu Paräis ukomm. De 6. August 1332 huet d'Bonne (dat ewell 17 Joer hat) sech zu Melun mam Jean (deen der 13 hat) bestuet. Hie war de 17. Februar 1332 fir volljäreg erkläert ginn an hat d'Titelen "Herzog vun der Normandie", "Grof vum Anjou" a "Grof vum Maine".
Den 11. September 1349 ass si un der Pescht gestuerwen, ier hire Mann Kinnek gouf. Et gouf och Gerüchter, hire Mann hätt se, sief et aus Jalousie, sief et aus politesche Grënn, vergëfte gelooss.