däitsch Uertschaft an Uertsgemeng am Äifelkrees Béibreg-Prüm (Rheinland-Pfalz) From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Loftkur-Uertschaft Bollendorf, op lb. Bollenduerf oder och Bollendref, läit op der Sauer am Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark a Rheinland-Pfalz. Bollendorf gehéiert als Uertsgemeng zu der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm.
Bollendorf lb: Bollenduerf od. Bollendref | |
---|---|
Aussprooch | |
Land | Däitschland |
Bundesland | Rheinland-Pfalz |
Krees | Béibreg-Prüm |
Verbandsgemeng | Südeifel |
Awunner |
1.766 (31. Dezember 2022) |
Fläch | 1 315 ha |
Héicht | 200 m |
Koordinaten | 49°51'11"N, 6°21'42"O |
Telefonszon | 06526 |
Postcode | 54669 |
Websäit | https://www.bollendorf.de/ |
Vis-à-vis, op Lëtzebuerger Säit, läit d'Bollenduerfer Bréck.
Zu Bollenduerf gehéiert den Uertsdeel Weilerbach.
Eng éischt Kéier gouf Bollenduerf als villa bollana am Joer 716 ernimmt ginn. 1000 Joer laang war Bollenduerf enk mat der Abtei Iechternach verbonnen, d'Äbt vun do haten an der Buerg Bollenduerf, duerno am Schlass Weilerbach, hir Summerresidenz.
Wappen gespalten von Silber und Gold, vorne am Spalt ein halber, rotbewehrter schwarzer Adler, hinten ein schwarzes Balkenkreuz.
Déi lénks Schëldhalschent mat engem hallwe Reichsadler weist op historesch Relatioune mat der fréierer Reichsabtei Iechternach hin, déi riets Säit weist de Wope vun de Ritter "von Bollendorf".
Commons: Bollendorf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.