Black Sabbath
From Wikipedia, the free encyclopedia
Black Sabbath ass eng englesch Rock- an Heavy-Metal-Band, déi 1968 vum Gittarist Tony Iommi, dem Bassist Geezer Butler, dem Sänger Ozzy Osbourne an dem Drummer Bill Ward gegrënnt gouf. Zënterhier hunn d'Membere vun der Band reegelméisseg gewiesselt an nëmmen den Tony Iommi war permanent dobäi. Als Blues-Rock-Band gegrënnt huet si séier den Numm Black Sabbath ugeholl an ugefaangen, okkult Elementer mat Horror-inspiréierten Texter an déif gestëmmte Gittaren anzebannen. Trotzdeem huet Black Sabbath och Lidder geschriwwen, déi aner Theeme behandelen, wéi zum Beispill sozial Instabilitéit, politesch Korruptioun, d'Gefore vun Drogemëssbrauch an apokalyptesch Prophezeiungen iwwer d'Schrecke vum Krich.
Ënner anerem wéinst sengem Drogen- an Alkoholmëssbrauch ass den Osbourne 1979 aus der Band gehäit ginn. Hien ass doropshin vum fréiere Rainbow-Sänger Ronnie James Dio ersat ginn. No zwéin Albume mam Dio huet d'Band an den 1980er an 1990er eng ganz Rei Changementer am Line-Up duerchlieft, dorënner d'Kommen a Goe vun de Sänger Ian Gillan, Glenn Hughes, Ray Gillen an Tony Martin, an och e puer Bassisten a Batteuren. 1992 hunn de Iommi an de Butler mam Dio a mam Batteur Vinny Appice den Album Dehumanizer opgeholl. D'Originalbesetzung ass 1997 erëm mam Osbourne zesummekomm an huet de Livealbum Reunion opgeholl. Um 19. Album vun der Band, 13, deen 2013 verëffentlecht gouf, ass mat Ausnam vum Ward d'Originalbesetzung ze héieren. Dräi Méint méi spéit ass en och an den USA an a Kanada verëffentlecht ginn an huet et op déi 23. Plaz an den amerikaneschen Charts gepackt. En huet souwuel an den USA wéi och a Groussbritannien Platin-Statut erreecht.
Black Sabbath ginn dacks als Pionéier vun der Heavy-Metal-Musek zitéiert. D'Band huet mat Placke wéi Black Sabbath (1970), Paranoid (1970) a Master of Reality (1971) gehollef de Genre ze definéieren. Op dem MTV senger Lëscht vun de "Beschte Metal Gruppen" si si op d'Nummer 1 komm an an der Lëscht "Déi 100 bescht Hard-Rock-Kënschtler" vu VH1 ware si op Plaz 2.
D'Grupp huet weltwäit iwwer 70 Millioune Placke verkaaft an zwéi Grammy Awards gewonnen.