cheemesch Verbindung From Wikipedia, the free encyclopedia
De Biotin, Vitaminn B7 oder Vitaminn H ass e Vitaminn, dee sech am Waasser opléist.
Biotin | |
---|---|
Strukturformel | |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Biotin | |
Cheemesch Formel | |
C10H16N2O3S | |
Dagesbedarf | |
100 µg | |
Virkommen | |
Leguminosen, Innereien, Eegiel, Soja | |
Physikalesch Eegenschaften | |
Aggregatzoustand | fest |
Faarf | keng Faarf |
Léislechkeet | léist sech am Waasser op 0,2 g/l (20 °C) |
Dicht | ? g/cm³ |
Molmass | 244,31 g/mol |
Schmëlzpunkt | 232-233 °C |
Kachpunkt | ? |
De Biotin oder Vitaminn H ass e Vitaminn aus der B-Grupp deen Ufanks de 30er Joren entdeckt gouf.
Biotin ass waasserléislech an zimmlech onempfindlech beim Wierme vu Liewensmëttel. Beim Konservéiere vu Liewensmëttel geet allerdéngs vill vun dësem Vitaminn verluer. Seng cheemesch Formel ass: C10H16N2O3S
Biotin kënnt a ville Liewensmëttel vir, allerdéngs just a ganz klenge Quantitéiten. Gutt Liwwerante sinn d'Hief, d'Liewer, d'Eegiel an d'Nëss.
De Vitaminn ass zoustänneg fir datt d'Zelle wuessen a fir d'Bilde vum Hautgewief, de Blutzellen an de männleche Sexualhormonen. En ënnerstëtzt de Kuelenhydrat-, Eewäiss- a Fettstoffwiessel an d'Funktioun vum Nervesystem a Schankemuerch. Déi deeglech Biotinopnam soll tëscht 30 a 60 µg leien.
E Manktem trëtt seelen op, well Biotin a ville Liewensmëttel vertrueden ass. Méi en héije Risiko fir e Manktem hunn allerdéngs Puppelcher, well an der Mammemëllech kee Biotin ass, a Leit déi fëmmen, well d'Fëmme méi Biotin verbraucht. Unzeeche fir e Manktem si Verännerunge bei den Hoer oder vun der Haut.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.