![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f1/BETTEDavis_%2528cropped%2529.jpg/640px-BETTEDavis_%2528cropped%2529.jpg&w=640&q=50)
Bette Davis
US-amerikanesch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Ruth Elizabeth "Bette" Davis, gebuer de 5. Abrëll 1908 zu Lowell, Massachusetts, a gestuerwen de 6. Oktober 1989 zu Neuilly-sur-Seine, Frankräich, war eng US-amerikanesch Theater- a Filmschauspillerin.
Bette Davis | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Ruth Elizabeth Davis |
Gebuer | 30. Abrëll 1908 |
Gestuerwen |
6. Oktober 1989 Neuilly-sur-Seine |
Doudesursaach | Broschtkriibs |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Autobiograph, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Museker |
![]() |
D'Bette Davis huet hir Carrère beim Theater ugefaangen, ier se 1930 op Hollywood geplënnert ass a bis zu hirem Doud an iwwer honnert Filmer matgespillt huet. Bekannt gouf si virun allem fir hir Interpretatioun vu komplexen, och alt emol onsympatesche Figuren. Um Héichpunkt vun hirer Karriär huet se virun allem a Filmdrame matgespillt, an deenen et meeschtens ëm dat tragescht Schicksal vun der weiblecher Haaptfigur goung. Si war awer och an Historiefilmer an an hirer Spéitphas a Filmproduktiounen ze gesinn, deenen hir staark Grand-Guignolesk Elementer alt bis un d'Grenz vum Horrorfilm goungen. Der Davis hiert Markenzeeche waren déi grouss, expressiv Aen, hir direkt Aart an d'Zigaretten, déi ëmmer bei Hand waren.
D'Bette Davis huet zweemol en Oscar als bescht Schauspillerin gewonnen a gouf eng weider aacht Kéieren an där Kategorie nominéiert. Si huet sech dru ginn, mat Vehemenz géint d'Restriktioune vum Studiosystem, fir gutt Rollen a fir méi Matsproocherechter bei der Auswiel vun de Filmrollen ze kämpfen. 1936 huet se, ouni Succès, mä ënner grousser Ëffentlechkeet, hire Studio Warner Brothers verklot.
D'Bette Davis war déi éischt Fra, déi Presidentin vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences gouf. An als éischt Filmschauspillerin gouf si 1977 mam Lifetime Achievement Award vum American Film Institute geéiert.
Si war véiermol bestuet, dräimol gescheet an eng Kéier Wittfra. 1983 huet hir Duechter B. D. Hyman d'Buch My Mother's Keeper erausbruecht, an deem se hir negativ Kandheetserënnerunge beschriwwen huet.