Bernard van Orley
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bernard van Orley (och Barend van Orley, Bernaert van Orley oder Barend van Brussel), gebuer ëm 1491-1492 zu Bréissel an och do gestuerwen de 6. Januar 1541, war e nidderlännesche Moler zu der Zäit vun der Renaissance.
Zesumme mat sengem Brudder Everard huet hie säin Handwierk warscheinlech am Atelier vu sengem Papp Valentin van Orley (zirka 1466 - 1532) geléiert. D'van Orleys ("d'Ourley" oder "d'Ourle") waren en Adelsgeschlecht aus dem Herzogtum Lëtzebuerg. Tëscht 1509 a 1515 huet de Bernard an Italie gelieft, wou e sech vun der Molerei vum Raffael inspiréiere gelooss huet.
Vu 1520 bis 1527 war e Moler um Haff vun der Gouvernante Margarete vun Éisträich a vu 1532 un vun hirer Nofollgerin, der Maria von Kastilien.
1539 huet hie sech mat der Catherina Helluick bestuet. Si krute 6 Kanner, dovu goufen der véier och Moler.
Nieft der Molerei huet de Bernard van Orley och Entwërf gemaach fir Tapisserien a faarweg Fënsteren.