Bernard Herrmann
US-amerikanesche Komponist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bernard Herrmann, gebuer den 29. Juni 1911 zu New York City a gestuerwen de 24. Dezember 1975 zu Los Angeles, war en US-amerikaneschen Dirigent a Komponist, deen duerch seng Filmkompositioune bekannt gouf. Besonnesch seng Zesummenaarbecht mam Regisseur Alfred Hitchcock, fir deen en ë. a. d'Musek fir d'Filmklassiker wéi Psycho, North by Northwest a Vertigo komponéiert huet, huet e berüümt gemaach.
Bernard Herrmann | |
---|---|
Gebuer |
29. Juni 1912 New York |
Gestuerwen |
24. Dezember 1975 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | New York University |
Aktivitéit | Komponist, Dirigent, Filmkomponist |
Aner bekannt Filmer, fir déi en d'Musek geschriwwen huet, sinn ë. a. dem Orson Welles seng Citizen Kane (1941) an The Magnificent Ambersons (1942), d'Science-Fiction-Filmer The Day the Earth Stood Still (1951) an Journey to the Center of the Earth, dem François Truffaut seng Fahrenheit 451 a La mariée était en noir oder de Psychothriller Twisted Nerve (wouvun d'Haaptthema vum Quentin Tarantino am Kill Bill - Volume 1 erëmgebraucht gouf). Seng lescht Kompositioun war fir dem Martin Scorsese säin Taxi Driver (1975).