![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/4b/Lugosi_B%25C3%25A9la_fortepan_14652_%2528cropped%2529.jpg/640px-Lugosi_B%25C3%25A9la_fortepan_14652_%2528cropped%2529.jpg&w=640&q=50)
Bela Lugosi
ungaresch-US-amerikanesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bela Lugosi, gebuer den 20. Oktober 1882 zu Lugos, Banat (deemools Éisträich-Ungarn, haut Rumänien) a gestuerwen de 16. August 1956 zu Los Angeles, Kalifornien, mam richtegen Numm Béla Ferenc Dezső Blaskó, war en ungaresch-US-amerikanesche Schauspiller,. Hien ass virun allem fir seng Rollen an Horrorfilmer bekannt, absënns fir seng Roll als Grof Dracula, an der Verfilmung vun 1931.
Bela Lugosi | |
---|---|
![]() am Film "The Devil Bat" (1940) | |
Gebuertsnumm | Blaskó Béla Ferenc Dezső |
Pseudonym | Arisztid Olt, Olt Arisztid, Albert Lugesi, Belo Lugosi |
Gebuer | 20. Oktober 1882 |
Gestuerwen |
16. August 1956 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Ungarn, USA |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Gewerkschaftler, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | onbekannt, onbekannt, onbekannt |
![]() |
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/00/Bela_Lugosi_18.jpg/320px-Bela_Lugosi_18.jpg)
An den Ufanksjore vu senger Schauspillerei huet hie sech och alt de Pseudonym Arisztid Olt gebraucht. "Lugosi" kënnt vun der Uertschaft hier, wou e gebuer ass.
De Bela Lugosi huet ufanks an Ungarn a Stommfilmer gespillt, woumat e bekannt gouf. Hie war och politesch engagéiert, war Member vun der Kommunistescher Partei an huet eng Schauspiller-Gewerkschaft gegrënnt. Well en dowéinst ëmmer méi Schwieregkeete krut, ass e mat senger Fra Ilona Szmik op Wien (1919), dunn op Berlin (1919-1921), a schlussendlech (ouni seng Fra) an d'USA (1921) emigréiert.
Hien hat ufanks Theaterrollen um Broadway, dorënner och 1927 mat groussem Succès d'Haaptroll an enger Adaptatioun vum Bram Stoker sengem Dracula. 1930 huet den Tod Browning de Lugosi fir d'Verfilmung vum Roman an der Haaptroll engagéiert, wat aus him e Star gemaachhuet. An de Joren duerno huet de Lugosi an enger ganz Rëtsch vu bekannte Filmer vum Horrorgenre gespillt (bal ëmmer dee Béisen oder d'Monster), dorënner Murders in the Rue Morgue (nom Edgar Allan Poe, 1932), White Zombie The Raven, och nom Poe, The Sign of the Vampire (1935), Son of Frankenstein (zesumme mam Boris Karlof), Return of the Vampire (1944). Hien hat awer och Rollen an anere Film-Genren, z. B. an Ninotchka.
An der Nokrichszäit huet d'Intressi beim Publikum un Horror-Filmer ofgeholl, an de Lugosi huet sech mat enger ganzer Rëtsch B-Movies probéiert iwwer Waasser ze halen. Do derbäi koum eng Alkohol- a Morphiumsucht, déi et em schwéier gemaach hunn, a sengem Beruff ze schaffen.
An der Mëtt vun den 1950er Joren huet de jonke Regisseur Edward D. Wood jr. him Rollen a senge B-Movies ginn (de Wood krut spéiderhin am Geck den Titel "Schlechtste Regisseur vun allen Zäiten", wat senge Filmer eng Zort Kultstatus ginn huet). Säi leschte Film war dem Ed Wood säi Plan 9 from Outer Space (1959).