Barriär (Eisebunn)
Kräizung vun enger Eisebunnsstreck um selwechten Niveau mat enger Strooss oder engem Wee / From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Barriär bezeechent ee bei der Eisebunn déi technesch Installatiounen déi op där Plaz sinn, wou eng Eisebunnslinn en anere Verkéierswee[1] kräizt.
Ëmgangssproochlech gëtt déi Kräizung selwer als Barriär bezeechent. Am Fachjargon schwätzt ee vun engem passage à niveau (fr), gekierzt PN. Zu Lëtzebuerg gouf et am Juni 2017 am Ganzen nach 129 Barriären[2], zwee Joer duerno der just nach 117[3]. Aus Sécherheetsgrënn sollen no an no ëmmer méi Barriäre mat Iwwer- oder Ënnerféierungen ersat ginn.