![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/48/V2-Ein_Kreisel_der_Steuerung.jpg/640px-V2-Ein_Kreisel_der_Steuerung.jpg&w=640&q=50)
Ballistesch Rakéit
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng ballistesch Rakéit (ballistic missile) ass der Reegel eng militäresch Rakéit, déi e Buedemzil op enger Fluchbunn entspriechend de Gesetzer vun der Ballistik erreecht. Bei net ze grousser Spëtzenhéicht entsprécht hir Fluchbunn am grousse Ganzen där vun engem Geschoss, enger Worfparabel. Anescht wéi reaktiv Artilleriegeschosser wéi beispillsweis Rakéitewerfer si ballistesch Rakéite wéinst hire grousse Reechwäite generell gesteiert. Am Ënnerscheet zu Marschfluchkierper a Lenkwaffen hu se keen Drowierk a kee Marschdreifwierk, mä ginn nëmmen an der Startphas ugedriwwen, fir s'op déi, fir d'Erreeche vum Zil, néideg Vitess ze bréngen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/4e/V-2_rocket_diagram.svg/320px-V-2_rocket_diagram.svg.png)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/48/V2-Ein_Kreisel_der_Steuerung.jpg/640px-V2-Ein_Kreisel_der_Steuerung.jpg)
Ballistesch Rakéite kënne vu mobillen oder vu feste Startrampe gestart ginn. Bei Rakéite mat gréisserer Reechwäit ass de Startwénkel meeschtens vertikal a gëtt eréischt méi spéit op d'Zil dirigéiert, fir den Afloss vum Loftwiderstand sou kleng wéi méiglech ze halen.