Bänk
Sëtzmiwwel / From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Bänk ass e Sëtzmiwwel dee fir e puer Leit geduecht ass.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Wa se an engem Park, Bësch oder soss am baussenzegen ëffentleche Raum steet, dann ass se meeschten aus Holz oder Metall, méi seelen aus Plastik oder Steen, a si ass normalerweis fest mam Ënnergrond verbonnen. Op privatem Besëtz oder am Banneraum ass se dogéint gemenkerhand mobil.
Dacks huet se e Réck, a rare Fäll ka se och eng Aarmstäip hunn.
Se déngt als Plaz fir ze raschten, ze waarden, z'iessen an/oder ze drénken, zesummen ze kommen, oder fir soss Aktivitéite bei deenen ee potentiell oder sécher zu méi sëtzt (z. B. Kierchebänken oder Schoulbänken).
- Hëlze Bänk
- Metalle Bänk
- Gosse Bänk
- Stenge Bänk
- Bëtongs Bänk
- Plastiks Bänken
- Bänk ouni Réck
- Bänk mat Aarmstäip
- Laang Bänk
- Latebänk
- Al Bänk mat Tru
- Ultramodern Bänken
- Konscht-Bänk
- Geschwonge Bänk
- Bänke Réck u Réck
- Einfach Raschtbänk
- Parkbänk
- Gaardebänk
- Bänk am Banneraum
- Zesummegeklappt Béierbänken (an -dëscher)
- Bänk mat Panoramabléck
- Bänk am Busarrêt
- Picknick-Bänk
- Restaurantsbänk
- Kierchebänken
- Schoulbänk