![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b8/Audi_A6_I_Genf_2018.jpg/640px-Audi_A6_I_Genf_2018.jpg&w=640&q=50)
Audi
From Wikipedia, the free encyclopedia
Audi ass eng däitsch Autosmark, déi hiert Haaptwierk zu Ingolstadt huet. Et ass eng vun de Marke vun der Volkswagen AG.
![]() |
Dësen Artikel iwwer eng Entreprise ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b8/Audi_A6_I_Genf_2018.jpg/640px-Audi_A6_I_Genf_2018.jpg)
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/20/Audi_Ingolstadt.jpg/640px-Audi_Ingolstadt.jpg)
Den Numm ass e Wuertspill, mat deem den August Horch 1910 d'Markerechter vu senger éischter Entreprise A. Horch & Cie. Motorwagenwerke Zwickau ëmgoe konnt, nodeems en déi am Sträit verlooss hat: Audi ass déi laténgesch Iwwersetzung vum däitschen Imperativ "Horch!".
1928 hunn d'Zschopauer Motorenwerke J. S. Rasmussen AG d'Audi GmbH iwwerholl, a wéi déi 1932 nach aner Autoswierker geschléckt hat a sech dunn Auto Union AG genannt huet, do koum de Logo mat de véier Réng op: all Rank stoung fir eng vun deene véier Marken déi d'Auto Union ugebueden huet. Spéider huet Audi dee Logo fir sech aleng geholl.