Associatioun vu Südostasiateschen Natiounen
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Associatioun vu Südostasiateschen Natiounen, ((en) Association of Southeast Asian Nations, kuerz ASEAN), ass eng international Organisatioun vu südostasiatescher Staaten déi den 8. August 1967 gegrënnt gouf. Si huet hire Sëtz zu Jakarta (Indonesien). All Joers am November ass e Sommet vun de Memberstaaten.
Am Ufank war d'Zil vun der ASEAN, déi wirtschaftlech, politesch a sozial Zesummenaarbecht ze verbesseren. No an no koumen och d'Politikberäicher Sécherheet, Kultur an Ëmwelt derbäi. Am September 2009 hunn d'Staats- a Regierungscheffe vun den ASEAN-Memberlänner decidéiert, e Bannemaart nom Virbild vun der Europäescher Unioun ze schafen.
D'ASEAN huet 10 Memberstaate mat ronn 600 Milliounen Awunner (ronn 8 % vun der Weltbevëlkerung) an eng Fläch vu knapps 4,5 Millioune km². 2013 louch den zesummegerechente BIP vu senge Membere bei ronn 2,4 Billiounen US-Dollar.
Am Laf vun de Jore goufen eng Rëtsch Ënner-Organisatioune geschaf: den ASEAN-Regionalforum (ARF) fir Sécherheetsfroen, d'ASEAN-Fräihandelszon (AFTA) fir den Handel ze fërderen, d'ASEAN Investment Area (AIA) fir géigesäiteg Direktinvestitioune méi einfach ze maachen, asw.
D'Virleeferorganisatioun vun der ASEAN war d'Association of South-East Asia (ASA, 1961–1967).