Ashcan
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ashcan oder Camp Ashcan (en. fir Dreckskëscht) war de Codenumm vun engem deemools (op d'mannst am Ufank) geheim gehalenen alliéierte Gefaangelager ënner amerikanescher Féierung, um Enn vum Zweete Weltkrich.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gefaangenelager, dat sou genannt gouf. Fir den Dokumentarfilm doriwwer, kuckt wgl. Ashcan (Film). |
Offiziell housch et Central Continental Prisoner of War Enclosure No. 32, an et war zu Munneref am Palace Hôtel ageriicht ginn. Hei goufen tëscht dem Mee an dem August 1945 bal all déi bis dohi gefaangen Nazigréissten an héichrangeg däitsch Militär festgehalen, fir verhéiert ze ginn, ier se op Nürnberg bruecht goufen, wou se virun d'Krichsverbriechertribunal koumen.
Ënner de 86 Gefaangene waren en ettlech vun den nach liewege Nazibonzen: de Reichsmarschall Hermann Göring, de Julius Streicher, Editeur vun der antisemittescher Wochenzeitung Der Stürmer a Gauleiter vu Franken, den Alfred Rosenberg, eng Zort Nazi-Philosoph, de Robert Ley, Chef vun der Arbeiterfront, den Ausseminister Joachim von Ribbentrop. Ausserdeem den Arthur Seyss-Inquart, Reichskommissar vun Holland, den Hans Frank, Generalgouverneur vu Polen, de Karl Stroelin, Buergermeeschter vu Stuttgart, de Wilhelm Frick, Reichsprotektor vu Béimen a Mieren a virdrun Inneminister an de Walther Funk, President vun der Reichsbank.
Och e groussen Deel vun der Militärféierung souz do: de Generolfeldmarschall Wilhelm Keitel, de Generaloberst Alfred Jodl, säi Stellvertrieder a Generol vun der Artillerie, Walter Warlimont, de Grossadmiral Karl Dönitz, d'Feldmarschallen Albert Kesselring a Werner von Blomberg, an de Generolfeldmarschall Gerd von Rundstedt. Weiderhin d'Genereel Friedrich von Boetticher, Hermann Reinecke, Johannes Blaskowitz, Heinz Guderian a Sepp Dietrich.
Zu Frankfurt gouf et zur selwechter Zäit en änlecht Lager, Dustbin genannt (wat och Dreckskëscht heescht), dat ënner brittescher Féierung stoung, an an deem déi éischter "technesch" Kollaborateure vum Naziregime, dorënner den Albert Speer, op hire Prozess gewaart hunn.