Ascension (Skulptur)
Skulptur vum Lucien Wercollier / From Wikipedia, the free encyclopedia
Ascension ass den Numm vun enger monumentaler Skulptur am Marmer an am Bronze vum Lucien Wercollier (1908-2002). Si steet virum Gemengenhaus zu Stroossen.
Séier Fakten Typ, Land ...
Typ | Skulptur |
---|---|
Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
Gemeng | Washington |
Koordinaten | 38°53'44,5"N, 77°3'21,2"W |
Ageweit | 1978 |
Material | Marber |
Kënschtler | Lucien Wercollier |
![]() |
Zoumaachen
D'Skulptur besteet aus der selwechter, awer liicht verännerter Form, déi dräimol openee gestallt ass.
Ascension gëtt et an zwou Versiounen:
- eng Versioun am Marmer, déi 1978, op d'Commande hi vun der Lëtzebuerger Regierung, fir den J.-F. Kennedy Center for Forming Arts zu Washington sculptéiert gouf. Bis haut (2009) gehéiert dem Wercollier seng Skulptur zu engem vun den Highlights an dësem Musée.
- eng Versioun am Bronze déi 1986 gegoss gouf, fir virum Gemengenhaus zu Stroossen opgestallt ze ginn. D'Skulptur steet op engem Sockel aus Granit, op deem den Numm vun der Skulptur gravéiert ass, an och: Lucien Wercollier sculpteur. D'Skulptur selwer ass vum Kënschtler mat LW 1986 signéiert.