From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Arrondissementer vu Paräis sinn administrativ intrakomunal Andeelungen, déi d'Gemeng Paräis an 20 Stadbezierker opdeelen. Op nationalem Niveau gi se statistesch an administrativ wéi d'Kantonen ugesinn, ma et gëtt awer keng Departementswalen zu Paräis. D'Paräisser Conseilleren hu gläichzäiteg d'Kompetenz vun engem Gemengen- wéi och vun engem Departementsconseiller.
D'Andeelung vu Paräis an Arrondissementer geet op e Gesetz vu 1795[1] zeréck, mat deem d'Stad sengerzäit an zwielef Arrondissementer opgedeelt gouf. D'Andeelung an déi aktuell zwanzeg Arrondissementer baséiert op dem Gesetz vum 16. Juni 1859[2] wéi d'Faubourgen tëscht der leschter Rankmauer ëm Paräis (Enceinte de Thiers) an der Mauer vun de Generalpiechter (Mur des Fermiers généraux) derbäi koumen.
All Arrondissement ass a véier administrativ Quartieren agedeelt.
Dës stättesch Arrondissementer däerfen net mat den Arrondissementer bannent den Departementer verwiesselt ginn, déi eng aner administrativ Opdeelung duerstellen.
A Frankräich sinn och nach Lyon a Marseille an Arrondissementer agedeelt.
Commons: Arrondissementer vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.