![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/93/NEO_ararat_big.jpg/640px-NEO_ararat_big.jpg&w=640&q=50)
Ararat
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bierg Ararat, och Groussen Ararat genannt, op assyresch Urartu; Kurdesch Çiyayê Agirî / Shaxi Ararat, Tierkesch Büyük Ağrı Dağı, Armeenesch Մասիս (Masis) oder Արարատ (Ararat), ass en net méi aktive Vulkan am Oste vun Anatolien, no bei der Grenz mat Armenien a mam Iran, a mat 5.137 Meter iwwert dem Mieresspigel den héchste Bierg an der Tierkei.
![]() |
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Bierg Ararat. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Ararat (Homonymie). |
Séier Fakten Lokalisatioun, Land ...
![]() | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Tierkei |
Koordinaten | 39°42'0"N, 44°18'0"O |
Héicht | 5.137 m |
![]() |
Zoumaachen
Den Nopeschbierg, de Klengen Ararat (Tierkesch: Küçük Ağrı Dağı, Armeenesch Սիս), ass 3.896 m héich. Déi zwéi Bierger gehéieren zanter 2004 zu engem Nationalpark.