Anus
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Anus oder After (lat. anus, "Réng", gr.: πρωκτός prōktós) ass den Ausgank vum Daarmkanal vum Mënsch a vu villen Déieren (Méizeller). Duerch den Anus verléisst de Kot de Kierper op eng meeschtens kontrolléiert Manéier. Déi Evakuéierung gëtt erméiglecht, andeem d'Schliissmuskelen um Anus sech entspanen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/46/Female_and_male_Human_anus.jpg/640px-Female_and_male_Human_anus.jpg)
D'Amphibien, d'Reptiller an d'Vullen hunn e gemeinsame Kierperausgank fir d'Verdauungs-, d'Geschlechts- an d'Exkretiounsorganer. Si gëtt Kloake genannt. Plazentadéieren hu komplett getrennt Ëffnunge fir Kot, Urin a Fortplanzung.
D'Proktologie ass d'Gebitt an der Medezin, dat sech mat den Irregularitéiten um Rektum an um After befaasst. Zu de Krankheetsbiller zielen Analabszesser, Analfistelen, Analfissuren, Analkriibs a Schwellunge vun den Hämorrhoiden.
Stëppercher ginn iwwer den Anus ageféiert.
Well am After vill Nervenenner beieneekommen, ass en empfindlech a gëtt beim Mënsch als erogeen Zon betruecht a spillt eng wichteg Roll beim Analverkéier.