![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/a3/Vultur_gryphus_head_%2528Linnaeus%252C_1758%2529.jpg/640px-Vultur_gryphus_head_%2528Linnaeus%252C_1758%2529.jpg&w=640&q=50)
Anden-Kondor
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Anden-Kondor (Vultur gryphus) ass eng Vullenaart, déi zu den Neiweltgeieren, de Cathartidae gehéiert. Et ass ee vun de gréisste Vullen, déi kënne fléien.
Anden-Kondor | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
![]() En Anden-Kondor | |||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Vultur gryphus Linnaeus, 1758 |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/06/Coat_of_arms_of_Bolivia.svg/640px-Coat_of_arms_of_Bolivia.svg.png)
Mat enger Kierperlängt vu bis zu 120 cm, kann en Anden-Kondor op e Gewiicht vun enger 12 Kilo kommen. Mam Albatross huet e mat eppes iwwer 3 Meter déi gréisst Flillekspanlängt iwwerhaapt. E ka bis 7.500 Meter héich fléien, a bis iwwer 70 Joer al ginn.
Am Ënnerscheed zum Kalifornien-Kondor, dem Gymnogyps californianus, huet beim Anden-Kondor de Männchen e fleeschege Kamp um Scheet. De Männchen huet blo Aen an d'Weibchen huet rouder.
D'Bréizäit dauert bis 65 Deeg. Allebéid Eltere si fir d'Ee responsabel. De Jonge gëtt zweemol am Dag gefiddert, wann e méi al ass, nëmmen nach eng Kéier. Mat sechs Méint kann den Anden-Kondor fléien.
Op de Wope vu Bolivien, Chile, Ecuador a Kolumbien ass den Anden-Kondor konterfeit, well en an deene Länner zu den Nationalsymboler gehéiert.