Almagest
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Almagest ass eng ëmfaassend a kompetent Duerstellung vum astronomesche System vun de Griichen, déi de Ptolemäus mat sengem ëm d'Mëtt vum 2. Joerhonnert duergestallte Léierbuch Mathematike Syntaxis (lb.: Mathematesch Zesummestellung) iwwerliwwert huet. Spéider Kopië vun deem héich léierräiche Wierk hunn den Titel Megiste Syntaxis (Gréisst Zesummestellung) gedroen, wat als al-magisti an d'arabesch Iwwersetzungen iwwerholl gouf, a vun do als Almagest an den haitege Sproochgebrauch iwwergaangen ass. Am Géigesaz zu anere Wierker aus där Zäit ass den Text vum Almagest komplett iwwerliwwert.
Den Almagest berout um geozentresche ptolemäesche Weltbild a schafft deem seng astronomesch Detailer aus.
Den Almagest verdrängt wéinst senge Qualitéite scho ganz fréi all aner griichesch astronomesch Schrëften.
De Ptolemäus:
- systematiséiert doran dat ganzt antikt Wëssen iwwer d'Himmelsobjeten
- benotzt dobäi den héijen Niveau vun der griichescher Mathematik an
- huet säi System an d'aristotelesch Physik agebett.
Haut gesi mer dat Wierk als Héichpunkt an Ofschloss vun der anticker Astronomie.