Akaul
hënneschten Deel vum Hals / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Akaul, d'Genéck oder d'Nuque (Nucha) ass déi ëmgangssproochlech Bezeechnung fir d'Kappgelenker am hënneschten Deel vum Hals, déi ënnerzeg vum Os occipitale ((de) Hinterhauptbein) leien.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Als Kappgelenker zielen:
- Articulatio atlantooccipitalis: tëscht der Basis vum Schiedel an dem éischten Halswirbel (Atlas),
- Articulatio atlantoaxialis: tëscht dem Atlas an dem zweeten Halswirbel (Axis).
Zesumme mat den anere Wirbele vum Réckstrank maachen dës Gelenker et méiglech fir de Kapp an dräi raimlech Richtungen ze beweegen: transversal („dréien“), koronal (“neigen”) a sagital („‘Jo’ wénken“).