![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/04/Aime_Cesaire_2003.jpg/640px-Aime_Cesaire_2003.jpg&w=640&q=50)
Aimé Césaire
franséische Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Aimé Fernand David Césaire, gebuer de 26. Juni 1913 zu Basse-Pointe, Martinique a gestuerwen de 17. Abrëll 2008 zu Fort-de-France, war e franséische Schrëftsteller a Politiker. Hien huet zesumme mam Léopold Sédar Senghor a mam Léon-Gontran Damas d'Konzept vun der Négritude gegrënnt a war en engagéierten Antikolonialist.
Aimé Césaire | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
26. Juni 1913 Basse-Pointe |
Gestuerwen |
17. Abrëll 2008 Fort-de-France |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
École normale supérieure, Lycée Louis-le-Grand |
Aktivitéit | Dichter |
Partei | PCF, Parti socialiste |
Member vun | Bayerische Akademie der Schönen Künste |
![]() |
Den Aimé Césaire huet eng ganz Rëtsch Gedichtsbänn an Essaie geschriwwen – dorënner d'Ried Discours sur le colonialisme, déi net gehalen, awer publizéiert gouf a groussen Afloss hat – an och e puer Theaterstécker. Do donieft war hien de wichtegste Politiker vun der Martinique am 20. Joerhonnert. Hie gouf 1945 Deputéierte vun der Parti communiste français. Ee vu sengen éischte politesche Succèse war d'Erhiewung vun der Martinique zu engem Departement. (1946). 1956 huet hien d'kommunistesch Partei verlooss an zwee Joer drop eng eege Partei, de Parti progressiste martiniquais (PPM) gegrënnt; 1978 huet e sech dem Parti socialiste ugeschloss. Vun 1945 bis 2001 war hie Buergermeeschter vu Fort-de-France. Bis 1993 war hien Deputéierten an der Assemblée nationale (Frankräich)Assemblée nationale.