![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e1/Hitler_portrait_crop.jpg/640px-Hitler_portrait_crop.jpg&w=640&q=50)
Adolf Hitler
Staatschef a Regierungschef vum Däitsche Räich / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Adolf Hitler, gebuer den 20. Abrëll 1889 zu Braunau am Inn an Éisträich, a gestuerwen den 30. Abrëll 1945 zu Berlin am sougenannte Führerbunker duerch Suizid, war zanter 1921 "Führer" vun der NSDAP, zanter 1933 Reichskanzler an zanter 1934 als "Führer a Reichskanzler" gläichzäiteg Staatschef a Regierungschef vum Däitsche Räich.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Adolf Hitler | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
20. Abrëll 1889 Braunau am Inn |
Gestuerwen |
30. Abrëll 1945 Berlin |
Doudesursaach | Schosswonn |
Nationalitéit | Éisträich, keng, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945 |
Educatioun |
Kollegiatstift Lambach, Bundesrealgymnasium Linz |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | NSDAP |
Member vun | NSDAP |
Famill | |
Bestuet mat | Eva Braun |
Liewenspartner(in) | Eva Braun |
Mamm | Klara Pölzl |
Geschwëster | Ida Hitler, Edmund Hitler |
![]() |
Zoumaachen
Den Hitler huet an Däitschland déi nationalsozialistesch Diktatur vum "Drëtte Räich" opgeriicht, huet all Oppositiounsparteie verbidden a seng politesch Géigner verfollege gelooss. Hien huet den Zweete Weltkrich entfesselt an déi systematesch Entrechtung an Ermuerdung vun zirka 6 Milliounen europäesche Judden an anere Bevëlkerungsgruppen am Holocaust bedriwwen.