From Wikipedia, the free encyclopedia
Adobe Photoshop Lightroom ass e Computerprogramm vun Adobe Systems dee sech primär u professionell Fotografe riicht, déi mat grousse Quantitéite Fotoen hantéieren, a se sou gutt wéi méiglech zortéieren an nees séier a sécher erëmfanne wëllen.
2002 ass bei Adobe Systems ugefaange ginn un engem neie Projet ze schaffen, dee Shadowland genannt gouf.
Déi éischt Fassong gouf der Ëffentlechkeet op der Websäit vun Adobe Labs den 9. Januar 2006 virgestallt, a konnt erofgeluede ginn. Dat war eng Beta mam Numm Lightroom a war nëmme fir de Macintosh-Betribssystem. Et war dat déi éischt Kéier datt déi méiglech Clienten eng Beta-Versioun vun engem Adobe-Produkt konnte "mattesten".
Den 22. Oktober 2009 gouf eng ëffentlech Beta-Versioun vu Lightroom 3 virgestallt.
Direkt beim Luede vun enger oder vu méi Fotoen, sief et vun engem Fotoapparat, enger Späicherkaart oder vun enger Datei vum eegenen Harddisk, loosse sech Nativ RAW-Dateie vun deene meeschte Marken, oder JPG, TIFF oder PSD an d'DNG, als digitaalt Negativ, konvertéieren a späicheren. Beim Import ass et méiglech, d'Biller op villerlee Manéieren ze zortéieren oder s'ëmzenennen, fir se méi spéit besser kënnen opzeruffen.
Dat ass den eigentlechen "Atelier", an deem e Bild mat Hëllef vun engem Faarfhistogramm iwwerschafft gëtt.
Dobäi ass ze bemierken, datt de Programm ni un d'Originaldatei kniwwele geet. Lightroom verschafft ëmmer Kopien! Op déi Manéier ass de Fotograf absolut sécher, datt näischt u säin Original komme kann.
De Präis fir eng Vollversioun läit ronderëm 300 €.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.