Abu Simbel
From Wikipedia, the free encyclopedia
Abu Simbel ass en Uert an der Wüst an Ueweregypten, um westlechen Ufer vum Nil, ongeféier 280 km südlech vun Assuan. Bekannt ass Abu Simbel virun allem wéinst zwéi Fielsentempele vum Ramses II., déi do leien.
Wéi beim Bau vum Stauséi d'Gefor entstoung, datt d'Tempele géifen iwwerschwemmt ginn, gouf mat enger opwenneger an deierer Aktioun, vun 1965 bis 1968, e Projet gestart fir se ze retten. Dee Projet huet bis zu 42 Milliounen Dollar kascht. D'Tempele goufen auserneegeholl an 180 m méi wäit am Land erëm opgebaut. Eng grouss Hallefkuppel aus Bëtong soll dat Ganzt schützen. D'Tempele gi bis zu 55 m wäit an déi Bëtongskonstruktioun eran. Un de Wandmolereien an och bannen an den Tempelen ass näischt vun dëser Aktioun z'erkennen.
Zanter e puer Joerhonnerte sinn déi zwéin Tempelen eng grouss Touristenattraktioun. Abu Simbel ass weider och net méi bewunnt an huet just nach en Hotel an e Fluchhafe fir d'Touristen.