A Véier gedeelt (Hiriichtung)
From Wikipedia, the free encyclopedia
A Véier gedeelt war eng besonnesch grujeleg Manéier, fir een zum Doud Verurteelten hinzeriichten. Si gouf am Mëttelaalter an och nach an der fréier Neizäit benotzt. Kinneksmäerder goufen an der Reegel a munneche Länner sou gestrooft. D'Hiriichtung huet an deem Fall dora bestanen, fir engem d'Äerem an d'Been auszeräissen, soudatt de Verurteelten a véier gedeelt gouf. Ee Glidd ass nämlech bei där Method bis zum Schluss mam Kierper verbonne bliwwen. D'Auserneerappe gouf mat Päerd oder Ochsen déi un d'Glidder ugestréckt goufen, an an déi verschidde Richtungen hu missen zéien, ausgefouert. An de meeschte Fäll ass de Verurteelte virdrun ëmbruecht ginn.